Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Resumen del episodio

Eng jonk Band vun Amsterdam, déi dir villaicht nach net kennt, mee déi geschwë waert grouss eräuskomme, sinn Honey I'm Home. Op den europäesche Showcase-Festivals wéi Eurosonic oder Reeperbahn sinn si esou muench engem am Gediechtnis bliwwen. Tescht schwéiere Gittarren a verdreemten Effekter steet hir Musek éierlech a gevillvoll do, an d'Band op der Bün präsent a gevillvoll. Ee Gespréich mam Gittarist a Songwriter vun hirer neier Single, Thom Schotanus.

Episodios

5934-

Honey I'm Home

Eng jonk Band vun Amsterdam, déi dir villaicht nach net kennt, mee déi geschwë waert grouss eräuskomme, sinn Honey I'm Home. Op den europäesche Showcase-Festivals wéi Eurosonic oder Reeperbahn sinn si esou muench engem am Gediechtnis bliwwen. Tescht schwéiere Gittarren a verdreemten Effekter steet hir Musek éierlech a gevillvoll do, an d'Band op der Bün präsent a gevillvoll. Ee Gespréich mam Gittarist a Songwriter vun hirer neier Single, Thom Schotanus.

04 nov. 2026
5933-

Am Gespréich mat der Magaly Texeira

De Fado desakraliséiert, de Fado als Manéier, eng perséinlech Geschicht ze erzielen, de Fado als Wee zeréck zu senge Wuerzelen: a "Silencio que se vai a cantar o fado" féiert d’Schauspillerin Magaly Texeira an der Aler Schmelz zu Stengefort ee Projet weider, dee virun engem Joer an d’Liewe geruff gouf. De Jeff Schinker huet sech mat der Magaly Texeira ënnerhalen.

04 nov. 2026
5932-

Hëtzeg Rainy Days an der Philharmonie

De Festival fir zäitgenëssesch Musek "Rainy Days" ass dëst Joer vum 17. bis den 22. November, wéi gewinnt an der Philharmonie, awer och am Mudam, am Casino oder am Théâtre National du Luxembourg (TNL). All Joer gëtt et e Motto, wat als roude Fuedem wärend deene 6 Deeg vum Festival déngt. Nom Theema "Bodies" ass d’Motto dëst Joer d'Theema "Heat". Fir erauszefannen, wat de Public erwaart, sinn d'Kerstin Thalau an d'Marie Trussart fir iech an d'Pressekonferenz an der Philharmonie gaangen.

04 nov. 2026
5931-

De Prix Goncourt 2026 geet un de Philippe Jaenada

De Prix Goncourt 2026 geet un "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada. De Jeff Schinker ass beim Valerija Berdi am Studio a schwätzt iwwert de Gewënner an déi dräi aner Finalisten.

03 nov. 2026
5930-

Déi véier Elementer als imprévisibel “Kënschtler”

Eng Skulptur gëtt, per Definitioun, aus fester Matière wéi Holz oder Stee geschloen, respektiv gemeesselt; ma och Aarbechten, déi zum Beispill a Bronze gegoss oder mat Leem modeléiert ginn, falen an dës Kategorie. Dat schéngt elementar. De Max Mertens, Joergang 1982, huet zu Wien Skulptur studéiert, ma weder schnëtzelt hien, nach hummert oder seet hien. Hie stellt d’Beweegung, den Transformatiounsprozess aus: an zwar gréisstendeels dee vun Alldagsgéigestänn, déi hien zweckentfriemt zu Installatiounen zesummebaut. Dat schéngt beim Max Mertens senger Aarbecht elementar. “Elementar” ass och den Titel vu senger aktueller Expo an der Diddelénger Galerie Nei Liicht. D’Kerstin Thalau war se kucken an huet de Max Mertens an eise Studio invitéiert.

03 nov. 2026